Al Schanken
Al Schanken
48 min
"The Last Great Traffic Jam" ass - wéi den Titel et undeit - déi leschte Kéier, datt d'Band Traffic mat engem Album op de Maart koum: d'Formatioun ëm den Duo Steve Winwood (Uergel/Gesang) a Jim Capaldi (Drums/Gesang) hat sech no erfollegräiche 70er Jore getrennt a koum 1994 fir eng sougenannte Reunion-Tour nach emol zesummen. Och gouf domadder deen deemools aktuellen Album "Far From Home" ënnerstëtzt.
Den Duebelalbum/DVD vun dëser Tour koum allerdéngs eréischt Enn 2005 eraus, produzéiert vum Steve Winwood. Esou richteg virgesinn war de Release net: dës Produktioun mat alle groussen Erfolleger vun der Band, sollt virun allem un den Jim Capaldi erënneren, dee kuerz virdru verstuerwe war.
"The Last Great Traffic Jam" gëtt d'Live-Atmosphär wuel gutt erëm, stécht fir de Fred Medernach awer e Stéck hanner dem faméisen "On The Road" vun 1973 zeréck. Wat kee Grond ass fir net eranzelauschteren!
D'Playlist:
Gun - Race With The Devil (Gun, 1968)
The Haunted - 1 2 5 (single, 1966)
Triangle - 99 1/2 (How Not Blue Cow, 1969)
The Creation - I Am The Walker (The Creation '66-'67, 1967)
Rory Gallagher - Can't Believe It's True (Rory Gallagher, 1971)
Kenny Wayne Shepherd feat. Buddy Flett - Honky Tonk (10 Days Out, 2007)
Traffic - Dear Mr. Fantasy (live) (The Last Great Traffic Jam, 2005)
Traffic - Gimme Some Lovin' (live) (The Last Great Traffic Jam, 2005)
Willie Nelson - You Gotta Serve Somebody (Moments Of Forever, 2014)
Cat Power - Stuck Inside Of Mobile With The Memphis Blues Again (I'm Not There, 2007)
Neil Young - On The Beach (On The Beach, 1974)