Europa Aktuell
Nei Migratiounsbeweegungen iwwer de Westbalkan
D'Zuel vu Flüchtlingen, déi iwwer de Westbalkan an d'EU wëlle kommen, ass dëst Joer staark geklommen. Der EU-Kommissioun no waren am Zäitraum Januar bis August 86.000 Grenziwwergäng. Dat sinn dräi Mol esou vill wéi zejoert. D'Kommissioun féiert dat dorop zeréck, datt Serbien vu Mënschen aus Länner wéi Indien, Kuba an Tunesie kee Visum verlaangt, fir anzereesen. Ëmmer méi Leit aus deene Länner notzen dat, fir da vu Serbien aus an d'EU ze kommen. No Drock vun der EU huet Serbien éischt Mesuren ënnerholl. Hëllefsorganisatiounen zeechnen deels een aanert Bild.