Klassik aktuell
Mat aacht Organisten duerch d'Nuecht
7 min
"D'Nuecht gehéiert eigentlech ëmmer zimmlech der Uergel", seet den Organist an Dirigent Pierre Nimax. An der Nuecht kënnen d'Organisten ongestéiert an onstéierend üben an ëm Mëtternuecht ginn dacks Uergelopname gemaach, well een esou net riskéiert Geräischer vum Verkéier mat anzefänken.
E Samschdeg, 12. November, gehéiert d'Nuecht och den Amateure vun der Uergelmusek. Dann invitéiert den Internationalen Uergelmusek-Festival vun Diddeleng nämlech am Kader vu sengem 20. Anniversaire op eng Nuit d'orgue mat aacht Organisten.
De Luc Boentges huet mam Pierre Nimax, dem Directeur artistique vum Uergelfestival iwwer dëse Concert geschwat.