Al Schanken
Al Schanken
60 min
The Who hunn Enn 1999 véier Optrëtter fir den Duebelalbum "The Blues To The Bush" opgezeechent: zwee am "House Of Blues" zu Chicago am November, zwee weiderer e Mount duerno am Shepherd's Bush zu London.
D'Vermaartung war fir deemoleg Zäiten net déi üblech: et krut een d'Toundokument just an digitaler Form, dat exklusiv iwwer MusicMaker.com - een Ubidder, deen et haut net méi gëtt. Eréischt e puer Joer méi spéit koum eng limitéiert CD-Versioun eraus, déi haut fir vill Suen ugebuede gëtt.
Kritik gouf et virun allem um deemolegen digitale Soundmix, wou et effektiv eng Grëtz Loft no uewe gëtt. De Repertoire ass mat 20 Tracken eng Zort Best of vun der Band. Niewent dem Original-Trio Pete Townsend, Roger Daltrey an John Entwistle sinn den Zack Starkey (Drums) an den John 'Rabbit' Bundrick (Keyboards) derbäi.
D'Playlist:
Left Hand Cruiser - Still Rollin' (Claw Machine Wizzard, 2017)
Hollywood Vampires - Heroes (Rise, 2019)
Simon Stokes & Timothy Leary - 100 Naked Kangoroos In Blue Canoes (Right To Fly, 1996)
Humble Pie - One Eyed Trouser Snake Rumba (Humble Pie, 1970)
El Fish - One Kind Of Favor (Rewinder, 1998)
Steppenwolf - Annie, Annie Over (Hour Of The Wolf, 1975)
The Who - Won't Get Fooled Again (live) (The Blues To The Bush, 1999)
The Who - Baba O'Reilly (live) (The Blues To The Bush, 1999)
Paul Kantner & Jefferson Starship - Have You Seen The Stars Tonight ? + Starship (Blows Against The Empire, 1970)
Sopwith Camel - Sleazy Street (The Miraculous Hump Returns From The Moon, 1973)
Booker T. & the M.G.'s - Green Onions (Green Onions, 1962)