Klassik aktuell
300 Lëtzebuerger Lidder
7 min
De 24. an de 25. November, also d'nächst Woch en Donneschdeg an e Freideg stellt de Georges Urwald zu Gréiwemaacher am Stued Theater dat neit Lëtzebuerger Lidderbuch mam Titel "De Georgely" vir. Et ass eng Sammlung vun 300 Lëtzebuerger Lidder mat Texter, Melodien a Begleetakkorden - e bëssen am Stil vun de Real-Books, déi Jazz-Museker gäre mol als Basis fir hir Improvisatiounen notzen.
Zwee Joer huet de Georges Urwald un dëser Sammlung an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik, dem INECC an dem Stued Theater geschafft, an an der Mëtt vun dëser Aarbecht huet de Luc Boentges him iwwer d'Schëller gekuckt.