Klassik aktuell
Ee Perkussioun-Uergel-Duo an der Philharmonie
9 min
De Christoph Sietzen ass e Museker mat ville Facetten. Hien ass Member vum Marimba-Ensembel The Wave Quartet, huet e Lehroptrag fir Marimba a Perkussioun un der Museksuniversitéit zu Linz, an ass och Solist. Haut den Owend (15.11.) steet hien op der Bün vun der Philharmonie, dat zesumme mam Organist Christian Schmitt. Am Kader vun hirem Pre-Opening Concert vum Rainy Days Festival 2022 spillen déi zwee e Programm ronderëm de Spiritualismus an d'Mystik, mat Wierker vun der Sofia Gubaidulina a vum Arvo Pärt.
D'Marie Schockmel huet sech mam Multiperkussionist ënnerhalen.