Klassik aktuell
Sleep Laboratory
Wann een d'Nimm Lucilin an Alxander Schubert op engem Programm liest, schéngt eppes gewëss: De Concert, deen een erwaart, läit ausserhalb den Normen. 2016 huet de Lëtzebuergeschen Ensembel fir Zäitgenëssesch Musek dem Komponist säi Projet "Black Mirror" realiséiert, bei deem de Publikum mat Kopfhörer, Masken an engem Umhang duerch e verloossent Gebai getrëppelt ass. Elo hu sech béid Partner nees zesummegedoen, an och dës Kéier invitéiere si am Kader vun de rainy days an der Philharmonie an eng ganz eege Welt.
De Luc Boentges huet beim Co-Direkter vum Ensembel Lucilin, dem Guy Frisch nogefrot, wat et mat dësem neie Projet, mam Titel "Sleep Laboratory" op sech huet.