Smartphonë verbrauche vill wäertvoll Ressourcen. Hir Zesummesetzung an d'Produktioun hu sozial an ekologesch Konsequenzen. D'Ekipp vun Oekotopten huet eng Campagne lancéiert fir d'Liewensdauer vun esou Apparater ze verlängeren.
An hirer Campagne maache si drop opmierksam, datt ee Smartphonen och reparéiere kann an hunn op hirer Internetsäit eng Lëscht verëffentlecht, op där déi Smartphonen ze fanne sinn, déi een am liichtste reparéiere kann.