Al Schanken
Al Schanken
De Bandnumm féiert an d'Ir: Bridder sinn d'Museker vun der amerikanescher Band The Doobie Brothers net: et si véier Kolleegen, déi d'Grupp 1969 a Kalifornie gegrënnt hunn. Et gëtt d'Formatioun bis haut, a si kann eng Verkafszuel vu 40 Milliounen Albume virweisen.
Natierlech gouf et am Laf vun de Joerzéngten eng etlech Ëmbesetzungen, de prominentste Member, deen eng Solo-Karriär ageschloen huet ass de Michael McDonald. Mee d'Grupp ëm de Matgrënner Tom Johnston ass hirem labbere Rockpop-Stil ëmmer trei bliwwen, bitt duerchduechten Arrangementer a perfekt ofgestëmmte Vocals un, mat Hitte wéi "Long Train Running', "Listen To The Music" oder "China Grove" ... bis haut Klassiker vum Genre.
"Live At Wolf Trap" - praktesch en erweiderte Best of - ass eng Opzeechnung vun 2004 am US-Bundesstaat Virginia, erauskomm als Duebelalbum an DVD um Label Sanctuary.
D'Playlist:
Golden Earring - Radar Love (Moontan, 1973)
Grand Funk Railroad - We're An American Band (We're An American Band, 1973)
Steppenwolf - It's Never Too Late (At Your Birthday Party, 1969)
The Doors - Shaman's Blues (The Soft Parade, 1969)
Deep Purple - Child In Time (Deep Purple In Rock, 1970)
The Doobie Brothers - Black Water (Live At Wolf Trap, 2004)
The Doobie Brothers - Long Train Runnin (Live t Wolf Trap, 2004)
The Doobie Brothers - China Grove (Live At Wolf Trap, 2004)
Patti Smith - Land (Horses, 1975)
Steely Dan - Do It Again (Can't Buy A Thrill, 1972)