Klassik aktuell
D'Uergel ass erwächt
"Uergel, hellegt Instrument, erwäch..." No dëse Wieder war déi grouss sinfonesch Uergel an der Kathedral fir déi éischte Kéier zanter iwwer zwee Joer nees ze héieren. No der feierlecher Uergelwei leschte Samschdeg (26.11) mam Cardinol Jean-Claude Hollerich huet den Titularorganist vun der Notre-Dame de Paris, de Olivier Latry sämtlech Facette vum Instrument bei engem éischte Récital um renovéierten Instrument gewisen. E Sonndeg war d'Uergel du fir déi éischte Kéier mat engem Orchester ze héieren.
De Luc Boentges war fir eis op der Plaz, an erzielt dem Marie Schockmel vu sengen Andréck.