arrow_back_ios
Klassik aktuell
Begrënner vun der Tragédie lyrique
Den 28. oder 29. November 1632 - scho beim Gebuertsdatum vum Jean-Baptiste Lully ginn d'Meenungen ausenaner. Änlech ass et, wann et ëm de Personnage selwer geet. De Lully ass sonner Zweiwel de Grënner vun der franséischer Oper. Mat sengen Tragédies lyriques verankert en dëse Genre fest am Museksliewen. Fir esou wäit ze kommen, fir sech als Komponist vum Roi-Soleil ze etabléieren huet de Lully allerdéngs net gezéckt, mat den Ielebéi ze schaffen.