arrow_back_ios
Klassik aktuell
Komponistinnen am Mëttelpunkt
Am Mëttelpunkt vum Tenor Cyrille Dubois an dem Pianist Tristan Raës hirem Récital e Freideg (2.12) am Salon de Helen Buchholtz steet der Lili Boulanger hiren Zyclus "Clarières dans le ciel". Do ronderëm proposéiere béid Museker Lieder vu Komponistinnen, déi ëm déi selwecht Zäit gelieft hunn. Dorënner och d'Helen Buchholtz.
De Luc Boentges huet mam Cyrille Dubois iwwer dëse Programm geschwat.