arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng iwwer 500järeg Traditioun
1498 verleet de Keeser Maximilian I. seng Residenz samt Hofmusik op Wien - et ass d'Grënnungsjoer vun de Wiener Sängerknaben, den Ufank vun enger iwwer 500järeger Geschicht an Traditioun. Aktuell gëtt et ronn 100 Sängerknaben, déi iwwer d'Joer eng 300 Optrëtter hunn. Een Ensembel vum Chouer ass den Owend um 20.00 Auer fir e Concert am Trifolion.