Europa Aktuell
Digital Plattform Aarbecht: CSL fuerdert Gesetz zu Lëtzebuerg
An der EU schaffen eng geschaten 30 Millioune Leit fir digital Plattformen, wéi Uber an Deliveroo. Vill vun hinne sinn aarbechtsrechtlech net ofgeséchert. Dofir huet d'EU Kommissioun scho virun engem Joer eng nei Direktiv proposéiert. Mee ënnert de Memberlänner gëtt et Divergenzen. Lëtzebuerg géif sech fir eng ambitiéis Direktiv asetzen, seet de Lëtzebuerger Aarbechtsminister. D'Lëtzebuerger Chambre des Salariés mengt, et soll ee net op d'EU Direktiv waarden an elo schonn um nationale Plang legiferéieren, fir d'Plattform Aarbechter an Aarbechterinne besser ze schützen.