arrow_back_ios
Klassik aktuell
E musikalesche Virreider
"Ma vie est un roman qui m'intéresse beaucoup" - u Selbstvertrauen huet et dem Hector Berlioz net gefeelt. Musikalesch hat de Komponist och all Ursaach, sengem Kënnen an Talent ze vertrauen. Et war op alle Fall déi richteg Decisioun, de Medezinstudium opzeginn a sech ganz der Musek ze widmen. Mat senge spektakuläre Wierker wéi dem monumentale "Requiem", der héichromantescher "Symphonie fantastique" huet de Berlioz nei Jalone gesat. Béid Kompositiounen haten hir Première op engem 5. Dezember.