Klassik aktuell
Besënnlech a virtuos
An der Barockzäit waren d'Bräich fir den Advent an ëm Chrëschtdag ganz anerer. Well den Advent am Fong eng Faaschtenzäit ass, gouf bis no de Metten op Hellegowend och net déck gemaufelt. Chrëschtbeemercher a Kichelcher gouf et déi Zäit och keng. Musikalesch ass et par contre keng Faaschtenzäit, mee eng Period, déi schonn an der Renaissance an am Barock fir een immens räiche Repertoire gesuergt huet. Den Ensemble Ad Libitum huet sech elo e puer Korinten aus dësem Repertoire erausgepickt a presentéiert se an an enger Serie vun dräi Concerten.