arrow_back_ios
Klassik aktuell
Joy, joy, for Christ is born
No enger Produktioun mat Lieder vum Tréierer Komponist Georg Schmitt op Texter vum Victor Hugo an engem musikalesche Projet mam Titel "Quo Vadis" proposéiert den Trio Cénacle, deen an der leschter Saison hei op der Antenn d'Serie "Auf Flügeln des Gesanges" ronderëm Lied-Interpretatioun presentéiert hat, elo eng CD mat Chrëschtmelodien zesumme mam Calamus Reed Quintet. Op dësem Disk sinn och bis dato zwou onverëffentlecht Kompositioune vun der Lou Koster ze héieren.