Al Schanken
Al Schanken
De Gary Moore (4.4.1952-6.2.2011) war en nordiresche Gittarist a Sänger, dee Rock a Blues a sengem Repertoire hat: de Rock dacks rau an hefteg gespillt, de Blues awer och mat vill Gefill, fir déi eng oder aner méi roueg Nummer.
1990 huet hien mam Album "Still Got The Blues" zwee vu senge Virbiller, d'US-Pionéier Albert King an Albert Collins mat an de Studio geholl, um Album duerno "After Hours" och de B.B.King. Dës Opnamen hunn e reegelrechte Bluesboom ausgeléist, de Gary Moore war speziell mam Track "Still Got The Blues For You" an allen europäeschen Charts vertrueden.
Vum Museker koumen iwwer 30 Albumen eraus. Wien hie gären am Bild an am Toun genéisst, kann op den DVD "Live At Montreux" vun 2010 zeréckgräifen.
D'Playlist vun haut:
The Hangmen - What A Girl Can Do (single, 1965)
Syndicate Of Sound - Little Girl (single, 1966)
The Woolies - Who Do You Love (single, 1966)
Them - Baby Please Don't Go (single, 1964)
The Animals - Boom Boom (The Animals, 1963)
Deep Purple - Black Night (single, 1969)
Status Quo - Mean Girl (Dog Of Two Head, 1971)
David Bowie - Sufragette City (The Rise And Fall Of Ziggy Stardust And The Spiders From Mars, 1972)
Gary Moore - Further Up On The Road (Blues Alive, 1993)
Gary Moore - Walking By Myself (Blues Alive, 1993)
Roogolator - Cincinatti Fatback (Play It By Ear, 1977)
Kalabash Corp. - Where Do We Go From Here (Kalabash Corp., 1970)
Stephen Stills - Freetop Flyer (Stills Alone, 1991)
Crosby, Stills & Nash - Suite Judy Blue Eyes (CSN, 1969)