arrow_back_ios
Klassik aktuell
L'Enfance du Christ
Et war wärend enger Partie Kaart, wou den Hector Berlioz déi éischt Skizze vu sengem Oratorium "L'enfance du Christ" gemaach huet. 1854 war d'Uropféierung vun dësem Wierk tëschent Intimitéit an Theatralik, dat de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey haut den Owend ënner der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann opféieren. De radio 100,7 - zesummen mat SR2 KulturRadio - iwwerdréit de Concert vun 20.00 Auer u live aus der Philharmonie.