Klassik aktuell
Déi zwou Säite vum Rhäin
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg beweegt sech mat sengem neie Programm iwwer Grenzen ewech. Thematesch geet et ëm déi zwou Säite vum Rhäin: Däitschland a Frankräich, mat um Programm, Wierker vum Robert Schumann a vun der Louise Farrenc. Dës däitsch-franséisch Konstellatioun spigelt sech mat der däitscher Chefdirigentin Corinna Niemeyer an der franséischer Geiistin Anna Göckel och op der Bün.
De Luc Boentges huet mat béide Musekerinnen iwwer hire Concert, dëse Sonndeg (11.12.) an der Philharmonie geschwat.