Klassik aktuell
"Et ass very British"
Dëst Joer ass et déi 30. Kéier, datt d'Christmas Carols vun den Amis du Chant an dem Luxembourg Brass Ensemble organiséiert ginn. Dëst Joer ass och den Organist Laurent Felten mat dobäi. Schonn ëmmer war op d'mannst ee Concert vun de Christmas Carols am Stater Conservatoire. Dëst Joer ass och eng Première an der Kathedral.
Wéi den Titel et scho verréit, gëtt dësen Traditiouns-Concert am Kontext vum englesche Chrëschtdag organiséiert. Nieft englesche Komponisten, déi all Joer op der Affiche stinn, wéi dem Sir David Willcocks, ass dëst Joer och eng eege Kompositioun vum Pierre Kremer "Into That Light" mat dobäi - e Wierk mat enger ganz besonnescher Geschicht hannendrun.
D'Marie Schockmel huet sech mam Fränz Theis, dem Dirigent vun den Amis du Chant Luxembourg a mam Pierre Kremer, dem Responsabele vum Luxembourg Brass Ensemble, ënnerhalen.