Kanner si vill méi heefeg krank, also hu vill méi dacks Schnapp an Houscht wéi mir Erwuessener. Et muss ee sech awer net all ze vill Suerge maachen, wann d'Kand ebe méi dacks hannertenee krank ass, wuelverstane wann d'Kand soss an engem allgemeng gesonden Zoustand ass, wat den Dokter ofkläre muss.
Wéi eng Bomm vu verschidde Mikroben a Vire kommen op d'Kanner duer, an dobäi gëtt den Immunsystem opgebaut. Kanner léiere bei all Schnapp an Erkältung hiren Immunsystem ze stäerken, seet den Dokter Yann Gorges.