Klassik aktuell
Erneierer vun der Traditioun
De Gabriel Fauré huet déck Stécker op säi Kompositiounsschüler Maurice Ravel gehalen an hien ënnerstëtzt, wou hien nëmme konnt. Den deemolegen Direkter vum Paräisser Conservatoire hat sech net geiert. De Maurice Ravel ass ee vun deene bedeitendste franséische Komponisten, e Museker, mat engem ganz individuelle Stil, deen a keen Tirang passt. Impressionismus, Neoklassizismus, Spéitromantik - alles dat fënnt een am Ravel senger Musek, ounst datt een hien op eng Klangsprooch ka festleeën. Den 28. Dezember 1937 ass de Maurice Ravel no laanger Krankheet, duerch déi hie lues a lues d'Schwätzen an och d'Pianosspille verluer hat, gestuerwen.