arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Komponisten sind Menschen und Musiker"
Den Titel an och den Ënnertitel - Wie Musik entsteht - kéinten op eng falsch Pist féieren. Dem Claus-Steffen Mahnkopf säin neit Buch ass nämlech keng Zort Kachrezept, wéi ee komponéiert, wat een alles un Ingrediente brauch, fir e Museksstéck ze schreiwen. Et ass just de Géigendeel. D'Buch verréit eis vun deem guer näischt, explizéiert awer aus der Perspektiv vu ronn 1.000 Joer Museksgeschicht, wéi Komponéiere funktionéiert a virun allem, datt d'Musek vu Mënsche geschriwwen a gemaach gëtt.