Klassik aktuell
"Die Todesstunde naht, die Seele verläßt den Körper ..."
4 min
Den Theodor W. Adorno huet e fir eng "Komponéiermaschinn" gehalen. Den Ernst Bloch schreift, dem Richard Strauss seng Musek wier gewéinlech a géif just mat Schmass a Sënnlechkeet optrompen. Änlech gesäit et och den Igor Strawinsky, dee vun enger "triumphierender Banalität" schwätzt. Op där anerer Säit hu mir da Leit wéi de Glenn Gould, deen de Richard Strauss fir ee Gigant vum 20. Joerhonnert hält. Den Dirigent Hans von Bülow, ee vun de fréie Strauss-Fërderer, gesäit am jonke Komponist ee villverspriechend Talent fir d'Zukunft vun der Musek. An de Komponist iwwerrascht d'Welt als 26järege mat engem Wierk, dat ee vun engem gestanene Museker erwaart hätt: "Tod und Verklärung".