Virun 138 Joer, néng Joer nodeems den Alexander Graham Bell zu Boston den Telefon eng éischte Kéier praktesch ëmsetzt, soll och hei am Land een éischt Telefonsnetz installéiert ginn. Dëst éischt Netz war virgesi fir d'Stad Lëtzebuerg an déi deemoleg Faubourgen Dummeldeng, Eech, Siwebueren, Märel, Hollerech, Bouneweg, Polvermillen, Schläifmillen, Hamm an Neiduerf. Déi éischt Tariffer fir een Abonnement goufen den 13. August festgesat an den 1. Oktober 1885 goung d'Telefonszentral am Hotel du Génie um Piquet an der Stad a Betrib. An zwee Méint méi spéit war den Telefonsdéngscht fir déi betraffen Uertschaften installéiert.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 138 koum den Telefon op Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min