arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Mat den zwou J.J. Cale-Kompositiounen "After Midnight" (Original: 1972) a "Cocaine" (1976) hat den Eric Clapton méi e grousse kommerziellen Erfolleg wéi de Cale selwer. Déi zwee Museker huet eng laang Frëndschaft matenee verbonnen. 2006 hu si de gemeinsamen Album "The Road To Escondido" opgeholl, deen d'Joer drop e Grammy sollt kréien.


Den J.J. Cale huet zäitliewens diskret an zeréckgezunn an de States gelieft an ass fir säi relaxe Laidback-Stil bekannt. Seng Fra Christine war Member vu senger Tourband. De Cale ass de 26. Juli 2013 am Alter vu 74 Joer verstuerwen. Als musikaleschen Hommage koum e puer Méint duerno den Album "The Breeze - An Appreciation Of JJ Cale" eraus, signéiert Eric Clapton & Friends.


De Schluss vun der Stonn gehéiert dem Jeff Beck, deen dësen Dënschdeg (10.1.) am Alter vun 78 Joer gestuerwen ass.


D'Playlist:



Icehouse - Heroes (The Berlin Tapes, 1995)

David Bazan - Wolves At The Door (Strange Negotiations, 2011)

Nick Cave - Jesus Of The Moon (Dig, Lazarus, 2008)

Anna Vriend - Rockin' In A Free World (When We Were Spies, 2008)

Black Keys - Weight Of Love (Turn Blue, 2014)

David Bowie - Lazarus (Blackstar, 2016)

J,J, Cale - Call Me The Breeze (live) (Live, 2001)

J.J. Cale - Living Here Too (live) (Live, 2001)

J.J. Cale - Riverboat Song (live) (Live, 2001)

Jeff Beck feat. Beth Hart - I'd Rather Go Blind (Live At The Hollywood Bowl, 2017)

Jeff Beck feat. Joss Stone - People Get Ready (Live At Ronnie Scott's, 2007)

Jeff Beck feat. guests - Purple Rain (Live At The Hollywood Bowl, 2017)


Episoden

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Jones Gang & Jeff Beck live

Zwou Rock Ikonen am Concert
headphones

184 min

play_arrow

Let’s groove!

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass an dëser Stonn omnipresent ...
headphones

184 min

play_arrow

Soul and Funk

De Grëff an déi musikalesch Archivkëscht geet dës Kéier a Richtung Soul a Funk ...Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen.
headphones

184 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Ben Harper live

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden ...
headphones

60 min

play_arrow

The Stranglers live

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun.
headphones

60 min

play_arrow

Psych Pop a Space rock

Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn zwee Pionéier vum Space rock op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

Dear Jerry

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesumme fir un hien ze erënneren.
headphones

60 min

play_arrow

Lemmy’s side project

headphones

60 min

play_arrow

Klangwelten

Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, Zäit fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

Lou Reed live

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘.
headphones

60 min

play_arrow

Golden Earring live

Déi hollännesch Band gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021. Dräi vun hiren éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
headphones

60 min

play_arrow

Guns N’ Roses live

An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co. um Kierchbierg den 28. Juli.
headphones

60 min

play_arrow

Mad Dogs and Englishmen

Mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, eng ustrengend an deier Tour.
headphones

60 min

play_arrow

In concert

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
headphones

60 min

play_arrow

Fluid architecture

D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn.
headphones

60 min

play_arrow

Technicolour Dreams

Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen.
headphones

60 min

play_arrow

The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner

Déi US-brittesch Band The Pretenders, 1978 gegrënnt, haten éischt Hallschent vun den 80er weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
headphones

60 min

play_arrow

Jerry Garcia live

De Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead huet och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht, laang Stécker, mat villen Improvisatiounen.
headphones

60 min

play_arrow