Europa Aktuell
Ufank EU-Presidence: Schweden invitéiert an den héijen Norden
5 min
Schweden huet déi ganz EU-Kommissioun an den héijen Norde vum Land, op Kiruna invitéiert, fir den Ufank vu senger EU-Presidence ze markéieren. Si hunn do d'Geleeënheet an engem Äis-Bett ze schlofen.
Mee wat stécht dohannert, datt sech déi Bréisseler EU-Spëtzt an den arktesche Norden deplacéiert? An eng Stad, déi bekannt ass, well do déi gréissten ënnerierdesch Minne vun der Welt exploitéiert gëtt, mee och dofir, well decidéiert gouf, déi Stad wéinst där Minne, Stéck fir Stéck ze deplacéieren ...
Mir schalten dofir op d'Plaz bei eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.