Al Schanken
Al Schanken
60 min
De Kanadier David Clayton-Thomas (*13.09.1941, biergerleche Numm David Henry Thomsett) gouf am Dezember 1968 fir den zweeten Album vun der Jazzrock-Band Blood Sweat And Tears als Sänger engagéiert. Mat him huet d'Formatioun hir Haapterfolleger gefeiert, eng etlech dovunner huet den DCT och komponéiert.
Parallel dozou gëtt hien zanter 1974 Placken ënner eegenem Numm eraus, och haut ass hien trotz héijem Alter nach sporadesch live ze gesinn. Den Album "In Concert: A Musical Biogaphy" gouf de 26. a 27. Oktober 2005 zu Toronto am Opera House opgeholl an ass eng Zort Best of vun him.
Nach e Concertstipp am Programm: Den amerikanesche Gittarist a Sänger Duke Robillard ass de 5. Mee dëst Joer Invité vum Blues Club Lëtzebuerg am Sang & Klang, zesumme mam Sugar Ray Norcia.
D'Playlist:
Johnny Winter - She Likes To Boogie Real Slow (Hey, Where's Your Brother, 1992)
Joe Cocker - Feelin Allright (With A Little Help From My Friend, 1969)
The Rolling Stones - Honky Tonk Woman (single, 1969)
Los Lonely Boys - Evil Ways (1969, 2009)
David Clayton-Thomas - Go Down Gamblin' (live)
David Clayton-Thomas - Lucretia McEvil (live)
David Clayton-Thomas - Gimme That Wine (live) (allen dräi: David Clayton-Thomas In Concert - A Musical Biography, 2005)
Steve Roux - In A Spin (Feel Like Goin' Home, 1993)
Blackie & the Rodeo Kings - Stoned (Bark, 2003)
Duke Robillard - My Heart Is Cryin' (Duke's Blues, 1994)
Duke Robillard - Information Blues (Duke's Blues, 1994)
The Honeydrippers feat. Robert Plant - Good Rockin' At Midnight (The Honeydrippers Vol.1, 1984)
James Taylor - Steamroller Blues (live) (Live, 1993)