Europa Aktuell
Panzerliwwerungen: Moderaten Drock op Däitschland an der EU
4 min
Iwwer d'Fro, ob Däitschland soll Panzere vum Typ Leopard un d'Ukrain liwweren, gëtt zanter Wochen deels hefteg diskutéiert. Virun allem an Däitschland, mee och um internationale politesche Plang, gouf et Kritik um däitsche Kanzler deen zéckt, kloer Positioun ze bezéien.
Déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock hat e Sonndeg an engem Interview ugedeit, datt Däitschland sech net géing spären, wann een anert EU-Land wéilt däitsch Leopard-Panzeren un d'Ukrain liwweren. Gëschter huet si dat zu Bréissel awer net confirméiert. Och anerer hu sech éischter bedeckt gehalen - oppe Kritik un der Haltung vum Olaf Scholz gouf et kaum.
D'Danièle Weber informéiert iwwer d'Reunioun vun den EU-Ausseministeren.