Klassik aktuell
De Franz Liszt zu Lëtzebuerg
7 min
De Franz Liszt ass 1845 déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgetrueden, en Evenement, dat keng grouss Tracen hannerlooss huet, dat Jore méi spéit awer vum Guy May opgegraff gouf. Iwwer dësen Optrëtt schwätzt den Historiker bei enger Konferenz e Samschdeg, 28. Januar beim Pianosfestival Liszt+ zu Ettelbréck am Centre des Arts Pluriels. En Dag méi spéit geet et dann an enger zweeter Konferenz ëm dem Franz Liszt seng Relatioune mat der Koppel Munkatschi-Papier.
Iwwer béid Theemen huet de Luc Boentges mam Guy May geschwat.