Klassik aktuell
"Musek huet keng Grenzen"
7 min
Fir den Akkordeonist Vincent Peirani gëtt et keng Tiräng, keng Scheiklappen. Musek huet fir hie keng Grenzen. An dat konnt de Vincent Peirani an deene leschten zwee Joer ganz konkret selwer ëmsetzen, wéi hien eng Commande vun der Philharmonie fir e Stéck fir de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg krut.
Haut den Owend ass d'Uropféierung vun där dräisätzeger Kompositioun fir Symphonieorchester an een Trio mat Akkordeon, Piano an Trombonn. "Time Reflections" huet de Vincent Peirani seng Kompositioun genannt.
De Guy Engels huet sech mam Museker ënnerhalen.