Zanter iwwer 30 Joer stellt den Dokter Jean-Claude Leners een Deel vu sengem Congé a senger Fräizäit an den Déngscht vun anere Mënschen. De Generalist ass reegelméisseg am Asaz fir d'Gesondheetsversuergung vu Mënschen ze assuréieren, op Plaze wou dat eben net garantéiert ass.
De Jean-Claude Leners ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der aktueller Episod vun der Emissioun Sot emol.