Klassik aktuell
E jonke Chef fir een Traditiounsensembel
5 min
Et war schonn eng Zäit laang eng Rumeur, elo ass et offiziell: de Lahav Shani, deen och schonn Invité beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg war, gëtt den neie Chef vun de Münchner Philharmoniker. Zanter den Orchester de Valery Gergiev, en enke Frënd an Ënnerstëtzer vum Wladimir Putin, nom russeschen Iwwerfall op d'Ukrain virun Dier gesat hat, war de Chefposte vakant. Virgëschter Mëttwoch huet de Lahav Shani säi Kontrakt ënnerschriwwen, deen an der Saison 2026/2027 uleeft.
Den ARD-Korrespondent Bernhard Neuhoff war bei der Presentatioun vum neie Chefdirigent derbäi.