Europa Aktuell
EU-Kommissioun weist Piste fir Industrie-Subventiounen
4 min
D'USA si prett, Deeler vun hirer Industrie mat Subside vun iwwer 360 Milliarden Euro ënner d'Äerm ze gräifen. D'Sue solle virun allem a gréng Energie-Technologien investéiert ginn. An der Europäescher Unioun gëtt deen Invest zwar begréisst, mee et gëtt och gefaart, datt europäesch Entreprisë vun där Offer profitéiere wëllen an een Deel vun hiren Aktivitéiten an d'USA verleeën.
D'Europäesch Kommissioun wëllt dowéinst d'Konditioune fir den EU-Länner hir Industrie ze ënnerstëtzen erliichteren an EU-Suen an dee Secteur kanaliséieren.
D'Danièle Weber iwwer dee Plang, deen dës Woch zu Bréissel virgestallt gouf.