Radioen

On air

Thé Dansant  |  Blood, Sweat & Tears - Spinning Wheel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. An der Äerdbieweregioun an der tierkesch-syrescher Grenzregioun lafen d'Rettungsaarbechten op Héichtouren. Den tierkesche President huet fir zéng Provënzen den Noutstand ausgeruff. D'Zuel vun den Affer beleeft sech op iwwer 5.000

2. D'Ukrain soll iwwer 100 Leopard 1 Panzer vun engem Grupp vun europäesche Staaten geliwwert kréien, dat sot deen däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius haut zu Kiew. Bis d'éischt Trimester 2024 sollen op d'mannst dräi Bataillounen domadder ekipéiert sinn

3. D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass an de leschten zéng Joer ëm 25 Prozent geklommen, Enn 2021 hu 644.000 Leit hei am Land gelieft. De Statec huet de Moien déi neisten Zuele presentéiert

4. De Fluchhafe Hahn ka momentan nach net vun engem russeschen Oligarch iwwerholl ginn, an enger Versammlung vun de Creanciere gouf et haut nach keen Accord. Dee russeschen Pharma-Investisseur Viktor Charitonin hat Interessi gewisen. Engem Porte parole vun de Creancieren no wieren nach ëmmer zwee Kandidaten am Gespréich, déi allebéid gutt Kaarten hätten. Bis Mäerz soll eng Léisung fonnt ginn

5. Déi Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo wëllt keng russesch Athleeten op der Olympiad an der franséischer Haaptstad. Am Géigesaz zum IOC ass si der Meenung, datt dat net géif goen, esou laang wéi de Krich an der Ukrain géif undaueren

6. De franséische Bankegrupp BNP Paribas wäert dem Lëtzebuerger Staat als Co-Aktionär eng 50 Milliounen Euro un Dividende bezuelen. De Bankegrupp huet d'lescht Joer e Rekordbenefice vun 10,1 Milliarden Euro realiséiert

7. RTL wëllt beim Editeur Gruner und Jahr eng ganz Rei Magasinner ofschafen oder verkafen. Bleiwe sollen awer grouss Nimm wéi Stern, Geo a Brigitte. Parallel sollen eng 700 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn

8. De Buergermeeschter vu Metz François Grosdidier gouf haut zu enger Prisongsstrof vu sechs Méint verurteelt. Hie soll a senger Zäit als Deputéierten 160.000 Euro un ëffentleche Gelder un eng Associatioun iwwerwisen hunn, bei där hie selwer President war







Episoden

Mëttespanorama

Dag vun der Aarbecht: Gewerkschaften organiséiere Manifestatiounen / Lëtzebuerg garantéiert Ukrain weider Hëllefen - 21 Mio Euro / Ukrain an USA Ressourcen-Accord ënnerschriwwen
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Chamber: Gréng Luucht Harmoniséierung ënnescht Karriären ëffentlechen Déngscht / Richtung22 weigert sech Bâtiment 4 ze verloossen / ABBL: 2024 gutt Joer fir Lëtzebuerger Banken
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Digital Luxembourg nach net fir haut a muer? / Drogen-Aktiounsplang Gare ass prett / SPD stëmmt fir Koalitioun mat CDU a CSU
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Lige-Virwërf géint Kulturminister / 50 Joer Enn vum Vietnamkrich / PSG gewënnt éischt Champions League Halleffinall géint Arsenal
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Lige-Virwërf géint Kulturminister / 50 Joer Enn vum Vietnamkrich / PSG gewënnt éischt Champions League Halleffinall géint Arsenal
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Stroumpann: Lëtzebuerger Reseau ganz resilient / Virwërf géint Kulturminister an der Mudam-Affär / Frankräich geheit Russland Cyberattacke vir
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Indextranche op den 1. Mee / Schwieregt Joer fir d'Handwierk / Schluss mat Golden Visaen
headphones

12 min

play_arrow

Panorama

Jonk Demokrate fuerdere geratiounsgerecht Pensiounsreform / Donald Trump 100 Deeg am Amt / Fussball-Champions League
headphones

10 min

play_arrow

Panorama

Jonk Demokrate fuerdere geratiounsgerecht Pensiounsreform / Donald Trump 100 Deeg am Amt / Fussball-Champions League
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

OECD hält Ännerungen um Lëtzebuerger Pensiounssystem fir onëmgänglech / Massiv Stroumpann a Spuenien a Portugal / Roum: Konklav de 7. Mee
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Kritik u Caritas-Management / Russland bereet fir Verhandlungen / Ancelotti soll brasilianeschen Trainer ginn
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Nei Erkenntnisser an der Caritas-Affär / Méiglech nei Entwécklungen a Saachen Ukrain / Ettelbréck Champion am Härebasket an Diddeleng Coupegewënner am Dammenhandball
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Nei Erkenntnisser an der Caritas-Affär / Méiglech nei Entwécklungen a Saachen Ukrain / Ettelbréck Champion am Härebasket an Diddeleng Coupegewënner am Dammenhandball
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Graf vum Poopst François ka vum Public besicht ginn / Kongresser vun DP an déi Lénk / Vancouver: Automobilist rennt a Mënschemass wärend Festival
headphones

6 min

play_arrow

Owespanorama

Poopst François begruewen - 400.000 Leit bei Trauerzeremonie dobäi / Atomverhandlungen USA-Iran gi weider / Iran: Doudeger an Honnerte Blesséierter bei Explosioun
headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

Trauerfeier fir de Poopst Francois ass amgaangen / Scope Ratings confirméiert den Triple A fir Lëtzebuerg / Hamas wier bereet, all nach festgehale Geiselen an enger Kéier fräi ze loossen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Poopst gëtt haut bäigesat / Scope Ratings confirméiert Triple A fir Lëtzebuerg / Iran an USA féieren nees Atomverhandlungen / Virginia Giuffre ass dout
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Poopst gëtt haut bäigesat / CGFP fënnt nei Projete vum Gesondheetsministère a Privatiséierung vum Gesondheetssecteur kritesch / Iran an USA féieren nees Atomverhandlungen
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

Caritas-Vizepresident wëllt mat der Spezialkommissioun zesummeschaffen / Spuerkeess konnt Reprise um Immobiliemarché feststellen / 9 Veräiner vun der BGL Ligue kruten UEFA-Lizenz
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Tëschefall am Lycée Belval / Witkoff zu Moskau / Vill Undrang beim Sarg vum Poopst
headphones

13 min

play_arrow