arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Et ass vill méi schwéier, wéi ech geduecht hunn"
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
D'Stécker wiere vill méi schwéier wéi gemengt a beim Prouwe wieren och schonn emol e puer "schlëmm Wierder" gefall, seet d'Pianistin Kae Shiraki. Am Kader vun engem Concert de Midi an der protestantescher Kierch, e Freideg 17. Februar, interpretéiert si déi zwou Suitte fir zwee Pianoe vum Sergei Rachmaninow zesumme mat der Ju-Eun Lee. D'Aarbecht un dëse Stécker hätt sech awer gelount. Wéi déi zwou Pianistinnen am Interview beim Luc Boentges verroden, wier d'Resultat nämlech ergräifend a schéin.