arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ee vun deene bedeitendste Komponiste vun eiser Zäit
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
"Ich habe mich vom Außenseiter zum Unangepassten entwickelt", sot de Komponist Friedrich Cerha eemol iwwer sech. De Museker, deen dem Alban Berg seng Oper "Lulu" op en Enn komponéiert huet, ass gëschter - dräi Deeg viru sengem 97. Gebuertsdag - gestuerwen. Den Cerha, deen aus der Traditioun vun der Zwieleftounmusek kënnt, ass ee vun deene bedeitendste Komponisten aus dem 20./21. Joerhonnert.