arrow_back_ios
Fräie Mikro
Beräich Handicap: Tëschenzensur fir déi verschidde Ministèren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Den 21. Dezember 2022 gouf den Tëschebilan vum zweeten Aktiounsplang vun der Ëmsetzung vun der UNO Konventioun betreffend Rechter vun de Leit mat enger Behënnerung virgestallt. Verschidde Ministèren hunn hir Hausaufgabe gutt gemaach, verschiddener mussen nach eng Schëpp bäileeën a bei zwee Ministèren do geet eng Schëpp net méi duer ... do muss schonn de Bagger geholl ginn, mengt den Andrea Di Ronco, Educateur gradué a Mataarbechter vun Info Handicap.