arrow_back_ios
Klassik aktuell
"'t ass e Publikum, dee mat Freed bei eis kënnt"
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
Véier Concerte bannent zwee Méint - de Festival Musek am Syrdall setzt och fir seng 34. Saison wéi gewinnt op Lëtzebuerger Kënschtler an eng Offer an alle Genren, vu Klassik iwwer Jazz bis bei Vollekslidder. Mat deem Konzept wier de Festival bis elo gutt gefuer, Programmen, déi och beim Publikum gutt ukéimen, seet de President vu Musek am Syrdall, de Jeannot Waringo.