Europa Aktuell
Fir d'néngte Kéier mat humanitärer Hëllef an d'Ukrain
5 min
D'Ukrain brauch weider humanitär Hëllef, an all kleng Quantitéit u Material oder u Sue muss an d'Land bruecht ginn, heiansdo mat eegener Hand. Dat duecht sech och de Borys Bilan, wéi d'russesch Invasioun vun der Ukrain viru knapps engem Joer ugefaangen huet. Mam Mini-Bus ass hien op d'polnesch Grenz gefuer, huet Donen ofginn a Flüchtlinge mat op Lëtzebuerg bruecht. Dës Kéier huet hie keng Leit um Réckwee mat dobäi, mee Hëllef brauch d'Land trotzdeem. Dës Woch ass dee 44-Joer-ale polnesche Mann aus Lëtzebuerg fir d'néngte Kéier aus der Regioun zeréckkomm.
An der ukrainescher Haaptstad huet eise Korrespondent Philip Crowther hie getraff.