Klassik aktuell
Den Tristan mam OPL
7 min
Am Groussen Theater steet den Owend (27.02.) déi éischt vun dräi Opféierunge vum Richard Wagner senger Oper "Tristan und Isolde" op der Affiche. Wärend een dem Simon Stone seng Inzenéierung op der Bün kucke kann, héiert een de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mam Komponist senger Musek aus dem Orchestergruef. De Lien tëschent Bün a Gruef mécht den Dirigent Lothar Koenigs, a mat him huet de Luc Boentges geschwat.