Klassik aktuell
Prismatica
8 min
Wéi kléngt Luucht, déi gebrach gëtt? Eng méiglech Äntwert op dës Fro proposéiert de Pascal Schumacher a senger neier Kompositioun "Prismatica". Et ass eng Optragskompositioun fir deen neien Album vun der jonker Formatioun Goldmund Quartet. De ganzen Album kënnt am Mee eraus, véier vun den Titele kann een elo awer well iwwer déi üblech Streamingdéngschter lauschteren. Dorënner och dem Pascal Schumacher seng Kompositioun.
De Luc Boentges huet mam Museker iwwer d'Luucht, d'Komponéieren a seng Approche zum Theema Sträichquartett geschwat.