Klassik aktuell
Musikalesch Brécke schloen
5 min
De Flair vu Paräis, vun der grousser Metropol, am gemittleche Saarbrécken - dat ass de roude Fuedem vun de Musikfestspiele Saar 2023, vum 3. Juni bis de 15. Juli. Iwwer 600 Kënschtler wäerte vun der grousser Symphonik iwwer de Film, den Jazz bis bei d'Chanson dat musikalesch wibbelegt Paräis spigelen - mat ville franséische Kënschtler awer och enger neier Kooperatioun mam saarlännesche Staatsorchester, dem éischten Optrëtt vum Meedercherschouer vun de Regensburger Domspatzen an engem Concert vum Kammerorchester der Grossregion.