Europa Aktuell
Éisträich: Kärnten/Koroška wielt en neie Landtag
4 min
De Sonndeg gëtt a Kärnten, dem südlechste Bundesland vun Éisträich, en neie Landtag gewielt.
Den aktuellen Regierungschef Peter Kaiser vun der sozialdemokratescher SPÖ weist sech zouversiichtlech, dës Walen ze gewannen. Ob déi momentan Koalitioun mat der chrëschtlech-sozialer ÖVP widderholl gëtt, ass awer nach net sécher. Wéi och zu Lëtzebuerg ass d'Sprooch hei ee politescht Theema. De Cyrille Hill war zu Klagenfurt, der Haaptstad vum Bundesland, fir sech ee Bild iwwer déi aktuell Debatten ze maachen.