Klassik aktuell
Déi Al Musek am Fokus
6 min
An der Cafeteria vum Escher Conservatoire kann een iessen, drénken, sech treffen an e Samschdeg (4.3.) och Musek lauschteren. Um hallwer Zwielef spillen Enseignanten a Schülerinnen a Schüler vum neien Departement fir Al Musek do nämlech e Concert an engem méi lockere Kader. Dee selwechten Dag steet dann nach en zweete Rendez-vous mat der Aler Musek um Programm. Um aacht Auer trëtt am Auditoire vum Conservatoire nämlech den Ensembel Clématis op.
De Luc Boentges huet mam Jean Halsdorf, dem Direkter vum Escher Conservatoire iwwer béid Evenementer geschwat.