Klassik aktuell
De Kandheetsdram vum Dirigéieren ass an Erfëllung gaangen
9 min
D'Musek läit senger Famill am Blutt. Seng Mamm ass Pianistin, säi Papp Cellist, säi Grousspapp Geiist a Braatschist, a seng jonk Schwëster schafft beim finneschen Nationalballet. Beim 27 Joer jonken Dirigent huet d'Passioun fir d'Musek mam Cello a mam Sangen ugefaangen. 2018 gëtt de Klaus Mäkelä Chefdirigent vum Oslo Philharmonic Orchestra, an zanter 2021 ass hien de musikaleschen Direkter vum Orchestre de Paris. Mat deem Orchester a mat der Janine Jansen steet de Klaus Mäkelä och haut den Owend (06.03.) op der Bün an der Philharmonie. Um Programm stinn de Sibelius an de Berlioz. D'Marie Schockmel huet sech mam Dirigent ënnerhalen.