Genuddels a Gejiips
De Wayne Shorter - Een Noruff
60 min
Mam Wayne Shorter, deen den 2.3.23 am Alter vun 89 Joer d'Bün fir ëmmer verlooss huet, geet ee vun deene wichtegen a ganz groussen Jazzmuseker vun eis. Als Tenor- a Sopransaxofonist, als Komponist a virun allem als spirituelle Leader vun enger ganzer Generatioun Museker huet hien eng groussaarteg kulturell Ierfschaft hannerlooss. All Jazz-Museker spillt seng Stécker, vun deenen der eng Rëtsch zu Standarde goufen, an hien huet mat senger Ecriture a sengem Sound ee Wiedererkennungswert wéi wéineg aner Leit. Grond genuch fir mam Pol Belardi op säi Schafen a seng Musek vun den Ufäng an de spéide 1950er bis an d'1980er ze kucken.
Lauschtert och den Jazz Ahoi, an deem dem Shorter seng 20 lescht Joer am Mëttelpunkt stinn, an d'Wierk, dat hie mat sengem leschte Quartett a sengem musikaleschen Indian Summer erschaaft huet.