Klassik aktuell
Noches en los jardines de España
8 min
Am September 2014 huet de Gustavo Gimeno a sengem éischte Concert mam OPL an der Philharmonie Musek vu sengem spuenesche Landsmann Manuel de Falla dirigéiert. Ee Joer méi spéit war de Gimeno Chefdirigent vum Orchester, an den Owend kënnt hie quasi zeréck op seng Wuerzelen a proposéiert "Noches en los jardines de España" vum Manuel de Falla.
Solist um Piano ass de Javier Perianes, och e Landsmann a laangjärege musikalesche Partner vum Gustavo Gimeno.
Am zweeten Deel vum Programm héiert Dir dann nach dem P.I. Tschaikowsky seng "Schicksalssymphonie", déi 5. Symphonie aus dem Joer 1888.
Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den Owend um 20:00 Auer
um radio 100,7 live aus der Philharmonie