Den 21. Mäerz ass e groussen Datum an der Welt vun der klassescher Musek - op deem Dag am Joer 1685 koum de Johann Sebastian Bach op d'Welt. An zanter 2010 gëtt dat grouss gefeiert ronderëm d'Welt. Ugefaangen huet dat Ganzt mat engem Cellist zu New York, deen d'Musek vum Bach méi zougänglech maache wollt. 2018 war dann déi éischt Editioun vum "Bach in the Subways" zu Lëtzebuerg. An och dëst Joer hunn sech den Ad Libitum an den INECC (Institut Européen de Chant Choral) erëm zesummegedoe fir déi 5. Editioun vun dësem Festival, deen een Dag laang dauert, op d'Been ze stellen. D'Marie Schockmel huet sech mam Rosch Mirkes vun Ad Libitum doriwwer ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bach in the Subways geet a seng 5. Editioun
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
